Actualité

Initiativ Merci









INITIATIV MERCI


D'Gemeng Bauschelt weist sech dankbar géintiwwer deene Fraen a Männer, déi wärend der Kris duerch d'Pandemie vum COVID-19 d'Funktionéieren an d'Zesummenhale vun eiser Gesellschaft duerch hire perséinlechen Asaz garantéieren.

 

SI SINN EIS HELDEN !!!

 

Di ausgestallte Blummebiller an eisen dräi Dierfer gëllen als siichtbaart Zeeche vun eisem MERCI u si

 

D'Kënschtlerinnen aus eiser Gemeng

M.-Paule Ludovicy, Evelyn Koenig, Annette Guyot an Danielle Magis,

mat der Ënnerstëtzung vum Félicie Reuter a vum Charel Lorang, hu mat Freed dëse Projet realiséiert

D'Membere vum Club des Jeunes hunn sech ëm d'opriichte gekëmmert

 

Léif Matbierger,

 

Och dir kënnt duerch e perséinleche Merci, deen dir uewen op d'Blummebild kënnt schreiwen, un dëser Aktioun deelhuelen. Gudd siichtbar a geschützt virun ärem Haus opgestallt, schwätzt dir sou deenen ären

Dank aus, déi eise Respekt verdingen.

 

De Gemengerot


D'Gemeng Bauschelt seet den Dammen Merci, déi mat hire schéine Blummen dës Initiativ valoriséiert hunn.

 

Si stellen hir Blummebiller (www.boulaide.lu) deene fräi zur Verfügung, di sou eng Initiativ wëllen ënnerstëtzen an och bei sech doheem e Merci wëllen ubréngen.


Communiqué de presse.pdf

Blummebiller.pdf